All Mënsch ass en Individuum - Robby Gengler - E-Book

All Mënsch ass en Individuum E-Book

Robby Gengler

0,0

Beschreibung

Jeder Mensch ist ein Individuum, so der Titel auf luxemburgisch. Dieser Titel soll ganz schlicht und einfach sagen, dass jeder Mensch auf seine eigene Art Einzigartig ist. Ein Titel von einem der schönen Gedichten im Buch.

Sie lesen das E-Book in den Legimi-Apps auf:

Android
iOS
von Legimi
zertifizierten E-Readern
Kindle™-E-Readern
(für ausgewählte Pakete)

Seitenzahl: 145

Das E-Book (TTS) können Sie hören im Abo „Legimi Premium” in Legimi-Apps auf:

Android
iOS
Bewertungen
0,0
0
0
0
0
0
Mehr Informationen
Mehr Informationen
Legimi prüft nicht, ob Rezensionen von Nutzern stammen, die den betreffenden Titel tatsächlich gekauft oder gelesen/gehört haben. Wir entfernen aber gefälschte Rezensionen.



Inhaltsverzeichnis

Meng Mamm a meng Bom

Que faut-il à l’homme pour qu’il puisse vivre heureux?

An der Dusch

Was in der Zeitung steht

Ton image

Gedanken op der rouder Breck

Indifferenz

Les Turcs et les Grecs

D’Pifffaass

De Mënsch aus Glas

De Rosch säin schéinsten Moment

Mon testament

Si j’étais riche...

Reklame, Reklame...

Op der Schoulkommissioun

Wann s du als Puer...

Meng Fee...

Meng Mamm, e puer Gedanken...

Ech haassen...

Ech hunn Gebuertsdag...

Einmal werde ich gehen...

Eng Woch Vakanz mat eisen zwee...

Verdréinen, verdréinen...

Meng Sprooch

Tempo 30

Voie sans issue...

Féiwer

Eng Mansardsfënster

De Jim

Déi eng déi stierwen...

E Libesgedicht

Schwätz ni ze fréi

De Jim

Bei der Barrière

Ech hun dech guer net méi gär

Äisblummen

Dem Alain seng Passioun

E Strichmeedchen?

D’Geschicht vun der Schnéiflack

Bonjour aus der Vakans

De Covid

Diskussiounen, Diskussiounen

Hannert der Post

Kräizer

Pensées…

Requiem fir e Chef

Salü mäi Papp

Sechs a siechzeg

Spaassbremsen

Steine

T’ass Wanter

Ech sinn richteg frouh mat där

Ech weess, dass ech där op d’Nerven ginn

Eng Mauer

Schwartau Samt

Wann

Wat ech soen…

Wann ech emol nuets net schlofe kann

Et ass esou lues Zäit fir mech ze goen

,

Special’…

50 Joer

All Mënsch ass en Individuum

Am Zirkuszelt

Bei der Barrière 2

All Dag geet nees en neien un

D’Oueren zou, d’Gehier blockéiert

Ciara oder Sabine

Beim Coiffeur

Dem Ben seng Analyse

Der Mensch geht vor die Hunde

De Feind am Bett

E Gedicht fir den Johnny

Ech hunn

Ech kann einfach net roueg bleiwen

Ech hunn opgehal ze dreemen

Eist Liewen ass kee Subjonktiv

Ech sinn net méi vun dëser Welt

Ëmmer wann ech virum Spigel stinn

Et ass net alles schwaarz oder wäiss

Emotions

Et kann dach net esou schwéier sinn

Hallo Welt

Facebook

Heiansdo denken ech u sauere Reen

Hallwer dräi

Heinsdo sëtz de virum Blat

Jickenentzündung

Komm schëtt mäin Glas nach eemol voll (Fir de Lex Ginter)

Kuck wéi séier d’Wolleken fléien

Hien lieft a senger eegener Welt

J’ai un faible pour les perdants

Misanthropen

Lloret 1996

Op der Autobunn

Postkaarten

No e puer Pätt Problemer sichen

Während ich hier in der Sonne sitze...

Toleranz

Ukrain, Tschad, Afghanistan

Wat soll ee vu Russen halen

Well du bass 70, mecker net

Ziel mer eng Geschicht

Esch am Joer 2046

De Kandidat

Weess du wivill Stären et gin

Wann se Vëlosweeer vernetzen

E Kräizchen hei e Kräizchen do

Meng Mamm a meng Bom

Gëschter hunn ech d’Nouvelle kritt, dass meng Mamm, déi am Moment am Spidol ass an déer se 6 Liter Waasser aus dem Kierper erausgezunn hunn, méi krank ass wéi geduecht gin war. Si muss elo eng Chemotherapie iwwert sech ergoen loossen, an wann déi dann usprécht muss se béiswëlleg Metastasen eraus operéiert kréien. Et war en immensen Schock fir mech, wou se mer gesot huet si géing an ongeféier véier Méint d’Hoer verléieren a den Dokter hätt gesot si misst dann eng Parréck droen. Wann se dann erëm op d’Been kënnt dann ass jo alles OK, mee ech weess net wéi wäit en den Dokteren kann trauen, an ech maachen alles fir dass se wéinstens d’Moral net verléiert. Si hätt wierklech verdéngt nach eng gutt Zäit onbeschwéiert ze liewen.

Wéi et menger Mamm an hirer Jugend gaangen ass, dat weess et weider net. Ech weess just, dass hiert Bestietnis vu ganz kuerzer Dauer war, dass d’Scheedung vun mengem Papp mat vill Schäiss, warscheinlech vu béiden Säiten verbonnen war, dass Sie ëmmer vill huet misse schaffen fir duerch d’Liewen ze kommen an dass Sie sech jorelaang vu menger Boom terroriséieren gelooss huet. Wou meng Boom 1977 gestuerwen ass, konnt si emol ufänken an d’Vakanz ze goen. Am Abrëll vun deem Joer huet si um Kannerschlass mat schaffen ugefaangen, an de 5 September ass d’Boom gestuerwen. Ech sinn immens stolz, dass et mer gelongen war meng Mamm ze iwwerrieden eng Demande ze maachen wou Platzen um Schlass fräi gi waren. Ech sinn deemools eng Kéier moies mat hier duerch d’Uelzechtstrooss gaangen a si huet geklot, dass si mat den Einnahmern vun hirer Epicerie net méi liewen kënnt an, dass si sech eppes misst afalen loossen fir hier Zukunft oofzesecheren. Ech sot, Sie soll sech dach ganz einfach op d’Kannerschlass mellen, ech géing genuch Leit kennen fir dass dat kéint an t’Rei goen, an mat der Boom do géingen mer schon eens gin. Si huet sech gemellt an eng Platz kritt, déi gutt bezuelt war. Ech sinn all déi Deeg wou Sie geschafft huet mam Vëlosmotor op Uewerkuer bei eist Gréitchen gefuer, hu mat him geschwat, hier eng Zopp gemaach, de Chaos ewechgeraumt deen Sie reegelméisseg gemaach huet an dann sinn ech erëm heem gefuer op Esch. Meng Boom hat Arteriëverkalkung an am September ass si, wou si wollt hiren Toiletteneemer ausdroen zur Fënster erausgeklomme platz zur Dier eraus ze goen. Sie ass nuets vum éischten Stack erofgefall, an si louch stonnelaang am Haff virun der Dir, bis e Mann deen moies op d’Fréischicht schaffen gaangen ass si fonnt huet an d’Ambulanz geruff huet. Et wosst keen wou meng Mamm an ech ze erreechen waren. Meng Mamm war net méi um Schlass, an ech net um Büro well mer menger Mamm hiren neien Auto, den Colt, an t’Garage op Déifferdeng sollten sichen goen. D’Ottilie huet eis do schlussendlech an der Garage erreecht, fir eis ze soen, dass d’Boom am Spidol wier. Ech hat déi Frau nach ni an der Klinik erlieft. Trotz dem héijen Eroffalen, war si weider net blesséiert, mä si ass vu Stonn zu Stonn méi an sech zesummegefall an déi eng Kéier wou ech se besichen war, huet se mech net erkannt. Hieren Ubléck hat mech immens geschockt an ech war schlussendlech frou, dass si no e puer Deeg am Spidol gestuerwen ass. Sie war 82 Joer al gin an ech mengen haut, dass et besser gewiescht wier wann si e puer Joer éischter gestuerwen wier, well dat Liewen dat si déi lescht Joren hat, war wierklech net méi liewenswäert.

Mam Doud vun der Boom ass meng Mamm esou fräi gin wéi si an hirem Liewen nach ni war. Sie konnt maachen wat si wollt, konnt fortgoen an heemkommen wann si wollt an si war kéngem méi Rechenschaft schëlleg. Wann ech esou no hannen kucken, da realiséieren ech eréischt richteg, dass d’Germy vun senger Mamm jorelaang tyranniséiert gin ass an dass deen eenzegen Mënsch, mat deem si wierklech léif war an fir deen si alles gemaach hätt, ech selwer war. Soss huet si praktesch keng Gefiller fir en aneren gehat. Si hat e staarken Wëllen a si war voller Mësstrauen deenen aneren Leit géigeniwwer. Mech dergéint hätt si op den Hänn an den Himmel gedroen, wann et hätt missen sinn, och nach zu Fouss.

Meng Perséinlechkeet huet zum gréissten Deel meng Boom geformt, si huet mech erzunn, huet mat mär geléiert, huet gekacht an d’Wäsch gemaach. Sie ass mat mär Kommissiounen maachen gaangen, huet mech an d’Kierch geschleeft, huet mech verdeedegt wann et ëmmer huet missen sinn, huet spéider ëmmer fir mäin Täschegeld gesuergt an esou weider.

Mee, wéi gesot: Ech war deen eenzegen deen si richteg gär hat, an all déi aner haten et immens schwéier mat hier. (Januar 1996)

Que faut-il à l’homme pour qu’il puisse vivre heureux?

Il a besoin d’amour, de compréhension, de tolérance, de la liberté d’agir à sa guise, il doit se trouver en bonne santé et il doit faire un travail qui lui fait plaisir. A quoi bon de devenir chauffeur d’autobus si tu n’aimes pas la circulation? Pourquoi travailler en ville si tu préfères le calme de la campagne?

De nos jours il devient de plus en plus difficile de vivre à sa guise, de développer les qualités qui sont cachées dans notre for intérieur, d’organiser sa vie dans le respect d’autrui, dans la tolérance et la joie de vivre.

Il serait désirable que tout un chacun puisse suivre la voie qui lui est montrée par ce qu’il aimerait faire s’il était libre de faire ce qu’il veut. Le sportif devrait pouvoir s’épanouir dans toutes les activités corporelles qui lui font plaisir, le photographe devrait pouvoir flâner à travers la campagne à la recherche de motifs à captiver sur sa pellicule, le grimpeur devrait pouvoir escalader toutes les montagnes du monde et le voyageur devrait pouvoir faire connaissance de toutes les cultures, de toutes les villes et de tous les pays de la terre.

Toutes les fois que je viens de faire la connaissance d’un pays ou d’une région qui m’était étranger jusque - là je ressens une envie - qui est difficile à décrire - de photographier tous les motifs, tous les petits coins pittoresques, les montagnes et les vallées, les arbres et les animaux que je ne peux pas rencontrer chez moi. Cette envie, elle peut bien exister mais je n’ai aucune possibilité de vivre mes désirs puisque tu ne comprendrais jamais si je disparaissais durant des heures pour faire des photos de tout ce qui me semble intéressant et joli.

Tu peux reconnaître un homme si tu te prends le temps de regarder ce qu’il a photographié. Ses sujets peuvent se limiter à tout ce qui a un rapport avec la vie en ville, ils peuvent se limiter à la prise de vues architecturales, naturelles, ils peuvent tourner autour la vie des animaux ou tout ce qui naît dans la nature. Quelqu’un qui ne s’intéresse pas à ce violon d’ingres ne peut jamais vivre le sentiment de calme intérieur et de satisfaction du photographe, qui après des heures et des heures d’efforts a réussi à reproduire un papillon sur une fleur, et encore faut - il que le papillon qu’il voulait captiver sur pellicule se trouve justement au moment voulu sur la fleur voulue, la lumière du jour doit répondre exactement à ce que le photographe a arrêté comme image dans sa fantaisie. Faire ce qu’on veut. Après avoir été éduqué par tes parents, après avoir fait tes études et après avoir travaillé pendant un certain nombre d’années tu arrives à un point où tu es un homme formé par autrui, ton père, ta mère, tes enseignants, ton chef et les personnes qui t’entourent à ton travail. Tu es un homme qui porte les empreintes de toutes les personnes qui, à un moment ou à un autre, t’ont accompagné ou t’accompagnèrent sur le chemin de ta vie. Ton passé te marque, tu es un homme qui réussit ou qui ne réussit pas dans la vie, tu es estimé ou tu ne l’es pas. Mais la question primordiale qui se pose est : « As-tu réussi à te réserver un petit coin dans ton intérieur qui n’est rien qu’à toi? As-tu réussi à conserver malgré les enseignements qui t’ont été donnés par autrui ton caractère, ta personnalité? Existe - t - il des qualités qui te distinguent de la grande masse des autres gens? Ou es-tu le produit ou le résultat de ton passé sans pour autant avoir des particularités qui te distinguent des autres?

Dans chacun dorment des intuitions qui ne demandent que d’être réveillés. Le brevet de maîtrise d’un artisan, le diplôme de fin d’études d’un étudiant ou l’art de parler d’un traducteur ne sont que le résultat d’un processus d’apprentissage. Il en est autrement des qualités cachées qui ne peuvent s’apprendre puisqu’elles existent déjà, elles n’attendent que d’être éveillées. La peinture ne s’apprend pas, tu la possèdes, l’art de voir les petits objets de ton entourage ne s’apprend pas non plus que la volonté de courir pendant des heures pour la simple raison que tu veux ressentir la satisfaction d’avoir réussi à battre une distance de 10, 20, 40 ou 60 kilomètres.

La vie professionnelle et privée ne te laisse malheureusement pas le temps de faire ce que tu veux et quand tu veux. Tu peux bien t’efforcer à te connaître toi - même, mais finalement tu ne peux pas réaliser les conclusions de ton analyse personnelle.

29.01.1996

An der Dusch

All Kéier wann ech duschen gin

et kënnt net ganz oft vir

dass ech ënnert dem Waasser stinn

et grault mer echt derfir.

Wou ass de Shampoing, wou ass d’ Seef

wou fannen ech dann elo en Duch

wou ass de blöden Läppchen nees

ech hunn es gläich genuch.

Da klemms de eran an d’ Duschkabinn

do stees Du enk gedréckt

hei muss de séier fäerdeg gin

well soss bass Du erstéckt.

De Riddo pescht der mol um Bauch

um Aarsch an un de Been

du verdadders dech am Waasserschlauch

stéings de dach gutt am Reen.

Et Waasser sprëtzt no lénks no riets

just net wou et grad soll

de Schaum dee leeft der vun der Iets

a pickt der d’ Aen voll.

Et Seef déi fält der aus der Hand

a rutscht um Buedem hin an hier

et ass dach wierklech allerhand

de Riddo pecht schon erëm un dir.

Virun der Dusch entsteet e Pull

e gëtt ëmmer méi grouss

du stees do wéi en naasse Vull

a wäschs der Aarm a Fous

an d’Oueren fiers de och eran

tëschent all eenzel Zéif

wulls een, zwee Tier am Nuebel dran

an da fiers de méi déif.

Den Donst deen hellt der esou lues d’Vue

d’ Waasser gëtt waarm dann kal

genéissen kanns de dat wäschen ni

a gëss de nach esou al.

Nach eemol schnell duerch d’ Fuer gefuer

an dann gëtt oofgebraust

et ass genuch et geet elo duer

du bass dach net verjaust.

Du mëss d’ Riddo op, o wat eng Keelt

wou ass dann déi zweet Schlapp

t’ass ëmmer eppes wat der feelt

wou has de erëm de Kapp?

Schnell agekugelt an en Duch

gedréchent riets a lenks

dann ass et dees erëm genuch

bis dass de mol rëm sténks.

Februar 1996

Was in der Zeitung steht......

Jelzin gegen die Nato - Erweiterung

Irak droht mit Bombenterror

Probleme bei Koalitionsverhandlung

Europa hat Wasser im Motor.

Keine Einigung in Bosnien in Sicht

Italien geht wieder mal zur Wahl

mehr Arbeitsplätze gibt es nicht

und Arbeitssuche wird zur Qual.

Die Renten werden zum Problem

Herr Simitis geht auf Europatour (Präsident

Griechenland)

es kriselt in London und in Athen

Amnesty verurteilt die Tortur.

Ein Goldener Bär für Herrn Kazan (amerikanischer

Regisseur)

Samper denkt über Rücktritt nach (Präsident

Kolumbien)

und Südkorea droht Japan,

weil dies nicht hielt was es versprach (Streit über die

Tokido-Inseln).

Ein Tanker liegt vor Wales auf Grund

das Rettungsteam hat es sehr schwer

bei Ariane läuft alles rund

Abschussprobleme gibt’s nicht mehr.

Bei der Handelskonföderation

da hat man eben festgestellt,

dass EU-weit, unsere Nation

in Punkto Umsatz fällt und fällt.

6 Wochen vor dem nächsten Gipfel (Turin)

befindet sich «Europe en panne»

man klammert sich an jeden Zipfel

damit «Maastricht» endlich leben kann.

Zum Abschluss des Fasten-Ramadan

gibt’s Terrorakte in Algier

in Gabun gibt’s Ebola Alarm

und Faschingsfeiern gibt es hier.

Vorfahrt missachtet bei Ingeldorf

eine Person ist leicht verletzt

2 Tote bei Mersch gab es noch

und Schneegestöber haben wir jetzt.

Das Luxemburger Kontingent

in Bosnien-Herzegowina

wird von über 20 Mann gestellt

das Bataillon heißt Beluga.

Bremen)

Eu will mehr Mobilität

Fein a Fair inseriert und lobt

Waren von prima Qualität.

Frau Veuve Rossi ist verstorben

76 Jahre war sie alt

der Flugschreiber bleibt ungeborgen

vor Puerto Planta, im fernen Land.

Ein Belgier schwimmt Weltrekord

Wiberg gewinnt die Kombination (schwedische

Sportlerin)

Maske schlägt Williams im Profi-Sport

und nimmt ihm die WM-Illusion.

Bayern verliert 1 zu 4 daheim

Girardelli ist ausgelaugt und schlapp

im Handball führt der Standard allein

Kasparow setzt Schach-Computer matt.

Das war die frohe Faschingszeit

in aller Welt und unserm Land

Alaaf, helau und sehr viel Leid

das war’s was in der Zeitung stand.

20. Februar 1996

Ton image

1989. La Tunisie.

Les ruelles de la Medina

ä Sousse brouillaient de vie

et les innombrables bazars

craquaient d’articles en cuir et de tapis,

mais tout ce charme oriental

n’a pas réussi à chasser

ton image de mon esprit.

1990. La Crète.

La beauté de l’arrière-pays

et les plages avec leurs rochers

et leur sable à perte de vue

ne cessaient de m’ensorceler,

mais même cette félicité

n’a pas réussi à chasser

ton image de mon esprit.

1991. Ténériffe.

Le Teide avec ses champs de lave

domine ce petit paradis

aux multiples visages

sous le chant des canaris

mais même cette rare beauté

n’a pas réussi à chasser

ton image de mon esprit.

1992. Rhodes.

Couchée au pied d’un rocher grandiose

Lindos et ses ruines imposantes

constitue une des plus belles choses

de ma vie itinérante,

mais même ce charme particulier

n’a pas réussi à chasser

ton image de mon esprit.

1993. Lanzarote.

La mer perdait son bleu

quand le soleil se couchait

derrière l’horizon en feu

quand le jour fuyait,

mais même ce spectacle ineffable