Déi kleng Raup - Kerstin Rose - E-Book

Déi kleng Raup E-Book

Kerstin Rose

0,0
7,49 €

-100%
Sammeln Sie Punkte in unserem Gutscheinprogramm und kaufen Sie E-Books und Hörbücher mit bis zu 100% Rabatt.
Mehr erfahren.
Beschreibung

D´Geschicht vun der klenger Raup zielt vum Liewe vum Lotta a senge Frënn a vun der spannender Fro: Wat gi mir no eiser Verwandlung? D´Lotta a seng dräi klenge Kolleege si glécklech Raupekanner. Si krabbele gär ronderëm oder spille Verstoppches op der grousser Wiss op der si wunnen. Enges Daags kënnt eng al Raup laanscht gekrabbelt an zielt hinne vum Verpoppen. Déi véier Frënn si ganz opgereegt a probéieren zesummen eraus ze fannen, wat et domadder wuel op sech huet. Wéi si endlech rausfonnt hunn, dass si sech duerch d´Verpoppe wäerte verwandelen, ass d´Virfreed grouss a si iwwerleeën zesummen a wat fir Déiere si sech wuel wäerten entwéckelen. Nodeems si all hir fantastesch Iddien duerchgespillt hunn, ass et och schonn un der Zäit, fir sech ze verpoppen. No enger laanger Sich, fënnt d´Lotta seng Frënn endlech erëm, mee si gesi ganz aneschters aus wéi hatt. Obwuel déi Dräi net méi frou mat him sinn, ass d´Lotta an der Nout awer eng echt Frëndin a sou fanne si zesummen eraus, dass Frëndschaft awer vill méi wichteg ass wéi Schéinheet.

Das E-Book können Sie in Legimi-Apps oder einer beliebigen App lesen, die das folgende Format unterstützen:

EPUB
MOBI

Seitenzahl: 27

Veröffentlichungsjahr: 2022

Bewertungen
0,0
0
0
0
0
0
Mehr Informationen
Mehr Informationen
Legimi prüft nicht, ob Rezensionen von Nutzern stammen, die den betreffenden Titel tatsächlich gekauft oder gelesen/gehört haben. Wir entfernen aber gefälschte Rezensionen.



Danksagung

Mein Dank geht an meine Familie, die immer an mich geglaubt und mich unterstützt hat. An meine Mutter für das Korrekturlesen der deutschen Version und meine Schwiegermutter sowie meine liebe Kollegin Isabelle Zwick für das Korrekturlesen der luxemburgischen Version.

Et war eemol eng kleng Raup. Hiren Numm war Lotta. D’Lotta war eng ganz normal gréng Raup mat roude Beenercher.

Am léifsten huet hat Blieder gefriess an ass mat senge Raupefrënn ronderëm getrëppelt. Seng dräi beschte Frënn goufe Pepe, Annabelle a Freddy genannt. De Pepe war grouss, déck a brong, d’Annabelle war eng ganz kleng a reng rosa Raup an du war do nach de laange bloe Freddy.

Ëmmer wann si sech begéint hunn, louchen oder souzen si op Blummen oder Beem. Meeschtens hunn si dann iwwert hir Zukunft geschwat, well kee vun hinne wousst, wat déi géif bréngen. Well et bei de Raupen esou ass, datt d’Elteren hir Kanner scho ganz fréi eleng loossen, hunn si all hir Elteren net kannt. Mee dat war guer net esou schlëmm, well si hate jo sech an op der grousserWiss gouf et vill z’iessen a ganz vill Plaze fir Verstoppches ze spillen.

Enges Daags ass eng grouss a ganz al Raup laanscht si getrëppelt an huet mat sech selwer geschwat: „Eng Plaz fannen. Ech muss eng gutt Plaz fannen…“ Si hunn sech iwwer dës al zerstreet Raup gewonnert an do huet d’Lotta gefrot: „Gudde Moien al Raup, wouhinner bass du dann ënnerwee? Kënne mir dir hëllefen?“ „Mir hëllefen?“ huet déi al Raup zeréck gefrot. „Wéi dann, dir wësst dach net emol, wat ech virhunn! Oder hutt dir scho mol vum Verpoppen héieren?“ Do hunn déi véier Frënn sech verwonnert bekuckt an een nom aneren hunn si de Kapp gerëselt. „Nee, léif Raup, do kënne mir dir wierklech net hëllefen, well dovunner hu mir nach ni eppes héieren.“

„Ma dat hunn ech mir scho geduecht. Ech wousst bis viru Kuerzem jo selwer näischt dovun, an elo?

Elo sinn ech spéit drun a muss mech tommelen. Allez Kanner, ech muss virumaachen, mee ech soen iech: Preparéiert iech. Enges Daags ass et och fir iech esou wäit!“

Déi Raupekanner sinn duercherneen zeréck bliwwen. Wat huet déi al Raup domadder gemengt?Wat hat si vir a firwat war si op der Sich no enger gudder Plaz? Séier hunn si zesummen decidéiert, erauszefannen, wat déi al Raup gemengt hat a geschwë sinn si sech wéi richteg Detektive virkomm.

Fir d’éischt hunn si aner Kannerraupe gefrot, déi si kannt hunn, mee kee vun hinnen hat jeemools vum Verpoppen héieren. Dofir hunn déi véier Frënn sech entscheet, et wier un der Zäit, méi al Raupen ze froen, mee och déi konnten hinnen net weider hëllefen.



Tausende von E-Books und Hörbücher

Ihre Zahl wächst ständig und Sie haben eine Fixpreisgarantie.